Déi Fro stoung am Zentrum vun enger Etüd, déi d’Stad Lëtzebuerg gemaach huet. D’Resultater dovu goufen an engem sougenannte Mobilitéitsplang festgehalen, deen der Press e Mëttwoch de Moie presentéiert gouf. D’Claudia Kollwelter mat engem Iwwerbléck.
De Gros vun de Leit, déi bei der Etüd matgemaach hunn, hunn uginn, sech zu Fouss an der Stad ze beweegen, dono kënnt den ëffentleche Verkéier, den Auto an op 4. Plaz de Vëlo. Gefrot gouf ënnert anerem, wéi wäit ee sech zum Beispill mam Vëlo oder Auto an der Stad beweegt. Beim Individualverkéier géif et do en interessant Resultat ginn seet de Paul Hoffmann, Responsabel fir d’Mobilitéit vun der Stad Lëtzebuerg. Dat ass, dat zwee Drëttel vun de Weeër, déi d’Leit an der Stad maachen, tëscht 10 an 20 Minutten sinn. Mir hunn och 22% Stadbewunner, déi méi laang wéi 20 Minutten an der Stad vun A op B fueren.
Déi Befrote sollten dann och uginn, ob se Konfliktpotential am Verkéier gesinn a wa jo wou. Bei den Automobilisten ass et e kloert Resultat. Do ass ganz dominant den Konflikt tëscht Autosfuerer an Autosfuerer, wou mer bei ronn 72% an der Moyenne leien, déi e Konflikt mat Automobilisten hunn. Op zweeter Plaz ass de Konflikt mam Vëlo.
Bei de Vëlosfuerer zum Beispill sinn et awer net déi aner Cyclisten. Etass haaptsächlech den Individualverkéier an dann de Foussgänger, wou de Konflikt fir de Vëlo besteet.
Dee Konflikt tëscht Vëlo an Auto soll natierlech net verstäerkt ginn an d’Stad géif versichen, fir fir jidderee souwuel d’Infrastrukture wéi och d’Netz ze verbessere betount, den DP-Verkéiersschäffen Patrick Goldschmidt. Am urbane Raum uewe kéint een déi eng oder aner Parkplaz ewechhuelen, well mer der ënnerierdesch hunn. Mir maachen net just eppes fir deen een oder aneren. Mir renovéiere Parkhaiser an kënne se vläicht mat neien Technologien och besser notzen.
Ronn 8.500 Leit hu beim Online-Questionnaire matgemaach. D’Resultater ginn och den 3. Mäerz op enger Versammlung am Tramschapp dem Public presentéiert.