Nei EisebunnsbréckStolebréck iwwer d'Diddelenger Autobunn soll Juli 2023 fäerdeg ginn

Christophe Hochard
Wéinst der Neibaustreck vun der Eisebunn tëscht de Garen Houwald a Beetebuerg muss eng Bréck iwwert d'Diddelenger Autobunn installéiert ginn.
Nei Eisebunnsbréck
Wéinst der Neibaustreck vun der Eisebunn tëscht de Garen Houwald a Beetebuerg muss eng Bréck iwwert d’Diddelenger Autobunn installéiert ginn.

Dëst geschitt op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz.

Spéider ass dës Stolebréck 200 Meter laang, 18 Meter breet a bréngt ronn 5.900 Tonnen op d’Wo. Dobäi kënnt nach e Bou vu 40 Meter Héicht. A genee hei läit d’Erausfuerderung vun den Aarbechten.

Aktuell ass bis Enn August Congé collectif. Eng 22 Aarbechter, déi net ënner dës Bestëmmunge falen, sinn den Ament um Schantjen aktiv. 10 Monteuren an 12 Schweesser. Et ass eng spezialiséiert Firma aus Italien.

7 Kilometer laang ass spéider déi nei Streck tëscht dem Houwald a Beetebuerg. Mat enger Vitess vu bis zu 160 km/h kënnen Zich - virun allem den TGV - hei driwwer jauwen.

Am Juli 2023 soll d’Stolebréck fäerdeg gebaut sinn.

Back to Top
CIM LOGO