
Op der däitscher Bunn gëtt nees gestreikt. Hannergrond ass weiderhin e Sträit mat der Bahn iwwert d’Pai-Tut.
Am Regional-Trafic solle just 40% vun den normale Strecken gefuer ginn. Bei méi wäite Strecken dierften der 3 vu 4 ausfalen. De Streik soll fënnef Deeg daueren.
Beim Gidderverkéier gëtt schonn zanter e Mëttwoch den Owend gestreikt.
De Streik dierft och nees Auswierkungen op Lëtzebuerg hunn.