
Gestreikt gëtt de 14. a 15. August um Fluchhafe vu Charleroi, wou déi iresch Airline hiren Haaptsiège bei eisen Noperen huet.
D’Diskussiounen ëm eng Hausse vun de Paie stieche weider an der Sakgaass. Wärend der Pandemie kruten d’Piloten hire Salaire jo gekierzt, well manner geflu gouf. Zanterhier goufen d’Paien awer eben och net méi ugehuewen. Derbäi komme Problemer mat de Rouzäiten.
Vun de Syndikater heescht et, d’Direktioun géif stuer bleiwen, dofir wier e Streik déi eenzeg Méiglechkeet.