
Betraff war virun allem d’Linn 90, déi d’Liaisoun mat Metz mécht. 1.480 Zich goufen do annuléiert.Op der Lonkecher Streck waren et 93 Zich. Derbäi komme méi ewéi 120 TGVen.Dat äntwert de grénge Mobilitéitsminister François Bausch der CSV-Deputéiert Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro.
D’CFL hätten net d’Méiglechkeet, fir annuléiert Zich vun den SNCF ze ersetzen, heescht et weider. D’Linn 90 gëtt pro Dag vun 12.000 Leit genotzt.