Nom EU-Parlament an den Europadeputéierte Mëtt Juni hu sech och d’Ëmweltministere vun de Memberlänner dorop gëeenegt, vun 2035 un an der Unioun just nach emissiounsfräi Neiween zouzeloossen. Fir vill Leit heescht dat d’Enn vum klassesche Verbrennungsmotor. Ma ass et dat wierklech?
Gläichzäiteg mat der Decisioun gouf d’Bréisseler EU-Kommissioun opgefuerdert, ze analyséieren, ob Autoen, déi mat syntheteschem Öko-Sprit fueren, op der Strooss dierfe bleiwen. De Schluss fir d’Bensinn-, Diesel- a Gasmotoren, mee fir de Verbrenner bleift - méiglecherweis - eng Hannerdier op.
Anna Krajinska, Transport & Environment – Daachorganisatioun, déi sech fir nohaltege Verkéier asetzt: „E-Fuels ginn an enger komplexer chemescher Reaktioun aus Stroum, Hydrogène a Kuelendioxid produzéiert. Se hunn d‘Potential, komplett erneierbar an CO2-neutral ze sinn, wann de Stroum, dee fir d‘Produktioun benotzt gëtt, gréng ass a wann de Kuelendioxid aus der Loft opgefaange gëtt. Chemesch gesi si sech och ganz änlech zu den aktuellen Optiounen.“
Den Numm kléngt modern an innovativ. De Produit kann all Verbrennungsmotor undreiwen an aktuell Infrastrukturen ewéi Tankstelle kéinte bestoe bleiwen. Eng Rei Konstrukteuren investéieren aktuell an d‘Technologie.
Guido Savi, Febiac Lëtzebuerg – Representant vun den Automobil Constructeuren an Importateuren: „Et gëtt ëmmer méi an d‘Recherche investéiert. D’Demande nom Austausch tëscht den Acteuren, déi un den eFuels schaffen, ass grouss bei de Constructeuren. Notamment gëtt et d‘Beispill vu Porsche, déi rezent annoncéiert hunn, an d‘E-Fuels-Zukunft vun hiren Autoen ze investéieren.“
Eng Rei Etüde kritiséieren de grénge Sprit awer als net gréng genuch. D‘Mass u Stroum, déi gebrauch gëtt, fir de Produit ze fabrizéieren, wier besser an d‘Elektromobilitéit investéiert.
Anna Krajinska: „E konventionelle Bensinnsauto, dee mat E-Fuel fiert, produzéiert ongeféier 200 Gramm CO2 de Kilometer. Hei zielt d‘Produktioun an den Ausstouss vum Bensinn-Ersatz. Wa mer dat elo awer mat engem Elektroauto vergläichen, dee mat europäeschem Stroum fiert, da leie mer bei ongeféier 50 Gramm CO2 de Kilometer.
Iwwerdeems wieren d‘Käschten aktuell net intressant fir de Client. 3 Euro de Liter wiere realistesch. D‘Konstrukteuren awer rechne mat Baisse beim Präis. Weltwäit fueren eng Milliard Autoe mat Verbrennungsmotoren. Dës kéint een net vun haut op muer duerch e-Autoen austauschen.
Guido Savi: „A China, fir e Beispill ze ginn, gouf annoncéiert, datt CO2-Emissiounen net sollen erofgesat ginn, mee si gi mat enger Strategie, déi dorausser besteet, den CO2 aus dem Buedem ze recuperéieren an iwwer Zentrale genau dëse synthetesche Sprit ze produzéieren.“
Kommerziell Autoen, déi mat E-Fuels fueren, existéieren aktuell nach keng. Bis ewell gëtt de Prinzip just getest. Bis 2030 mussen iwwerdeems 2 Prozent vum agesate Kerosin am Fluchverkéier synthetesch sinn.