Elektrobornen (1)Tanken ech doheem, op der Aarbecht oder ënnerwee?

Marc Hoscheid
Nieft Energie-Spuere soll zu Lëtzebuerg jo och d'Elektromobilitéit weider ausgebaut ginn.
Elektrobornen (1)
Nieft Energie-Spuere soll zu Lëtzebuerg jo och d’Elektromobilitéit weider ausgebaut ginn.

Zanter Enn Juli gëlle méi héich Primme fir Entreprisen, déi elektresch Gefierer uschafen. Wärend verschidde Betriber, déi vun der Politik ugestrieften Transitioun hin zur Elektromobilitéit, als grouss Erausfuerderung empfannen, gesinn anerer se als Chance a Basis fir hire Geschäftsmodell. De Marc Hoscheid huet bei verschiddenen Acteuren nogefrot.

Dës Fro stellt sech fir d’Proprietäre vun Elektroautoen. D’Elektrifizéierung vun der Mobilitéit bedeit fir d’Tankstellebedreiwer eng grouss Erausfuerderung. Fir konkurrenzfäeg ze bleiwen, setzen d’Membere vum Groupement énergie et mobilité Lëtzebuerg, fréier Groupement pétrolier, virun allem op eng héich Vitesse beim Lueden.

Sou gëtt et beispillsweis zanter Juni op enger Statioun um Sennengerbierg 3 Superchargeren, wou fir 6 Gefierer jeeweils maximal 300 Kilowatt zur Verfügung stinn. Dësen Invest gouf nach ouni staatlech Subside realiséiert.

Paul Kaiser, Vizepresident vum Groupement:“D’Superchargere si fir mech den Idealfall op enger Tankstell, well et schnell geet. D’Leit sinn net ze laang do, dat geet vun 10 bis 20 Minutten, et dauert seele méi laang. Déi lues Chargeren, déi AC-Loaderen, wéi ee se nach dorëmmer an den Dierfer gesäit, sinn op enger Tankstell deier Parkplazen. Do stinn d’Leit stonnelaang an dat mécht op enger Tankstell kee Sënn.”

Datt ee säi Gefier effikass op enger Tankstell opluede kann, wier virun allem fir déi Leit wichteg, déi a Residenze wunnen, wou et keng Elektroborne gëtt. Mee net just bei den Tankstelle mécht ee sech seng Gedanken. Beim Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) géing een d’Luetkapazitéit um Site zu Bartreng gäre vergréisseren. Aktuell huet een 3 Bornen, nom geplangten Ëmbau sollen et der bis zu 40 sinn. Nieft de Käschte vu 500.000 Euro, zu deenen de Staat bis zu 100.000 Euro bäisteiert, stellt sech awer nach eng weider Erausfuerderung.

Den ACL-Direkter Jean-Claude Juchem: “Dir braucht Leit, déi soe wéi dat soll ausgerechent ginn. Braucht der Schnellladegeräter, wéi vill normal Bornë braucht der, fir am Dag ze lueden, wéi vill fir an der Nuecht ze lueden? Gidd Der den Noperen, respektiv dem Public Accès, fir datt déi dervu kënne profitéieren? Dat si lauter Froen, wou Fachleit verlaangt sinn.”

Äntwerten op esou Froen ze liwweren, ass Deel vum Geschäftsmodell vun der Startup-Entreprise Moovee, déi hir Raimlechkeeten am Paul Wurth Incub huet. Nieft der Berodung vun Entreprisë bei der Installatioun a Gerance vun Elektrobornë bitt een och nach ee Sharing-System un. Dobäi kann sech de Salarié een Auto iwwert eng App fir ee gewëssen Zäitraum vum Betrib ausléinen. Dat ass och an der Fräizäit méiglech, sou géing verhënnert ginn, datt d’Gefierer owes a Weekends just um Parking stinn. De Präis bestëmmt all Betrib selwer. Déi meescht Gefierer sinn elektresch, mee dës sinn net fir all Client dat richtegt.

Sébastien Berthelot, Generaldirekter Moovee: “Nous, on promeut la mobilité électrique. 22 pourcents de notre flotte de véhiules ne sont pas électrifiés, ces véhicules sont encore thermiques. La raison est très simple, prenant l’example de l’Université du Luxembourg qui a des parkings qui sont pas équipés aujourd’hui des bornes de recharge. Nous, on leur met des véhicules en partage à disposition, mais ces véhicules sont thermiques parce qu’il n’y a pas des bornes de recharge.”

Et bleift also nach e bëssi Aarbecht, bis jiddereen d’Méiglechkeet huet, säin Elektroauto op der Schaff ze lueden. Op mannst d’Tankstellen dierft dat freeën.

Back to Top
CIM LOGO