D’Präisser sinn extrem geklommen. An den Diesel kascht elo och méi wéi de 95er Bensinn. Schold hei drun ass ënner anerem déi aktuell Situatioun an der Ukrain. An et geet een dervunner aus, dass dës Präisser och nach weider wäerte klammen. Eng Situatioun, déi och d’Verhale vu ville Leit verännert. Sou koum et e Freideg, wéi eng Rekord-Hausse vun Hallefnuecht un annoncéiert gouf, zu laange Schlaangen op verschiddenen Tankstellen.
Mir hu beim Groupement Pétrolier a bei den Automobilisten nogefrot, wéi si d’Situatioun aschätzen.