
Op Nofro hin hunn d’CFL eis matgedeelt, dass et net zu Annulatioune koum, ma et zanter e Freideg de Moie bis ongeféier 14 Auer zu Perturbatiounen, respektiv Retarde komm ass.
D’technesch Ekippen hunn zu Näerzeng op der Héicht vun der Barriär Reparaturaarbechten duerchgefouert.
An Tëschenzäit huet sech d’Situatioun normaliséiert, Retarden oder Annulatioune sinn awer net komplett ausgeschloss.