Automag vum 21. September 2023Toyota-Batterien, Weltrees mat Elektroauto a wéi verdroe Verbrenner d'eFuels

Paul Origer
An den News vun dëser Editioun geet et ëm eng nei Technologie vu Batterien, e Rekord mat engem Elektroauto, an d’Erhale vum Verbrenner.
© AFP

Automag: Toyota-Batterien, Weltrees mat Elektroauto, eFuels

2026 wëll Toyota mat enger neier Generatioun vu Batterie-elektreschen Autoe starten. An dës sollen, wat d’Batterie-Technologie ugeet, wiesentlech Verbesserunge matbréngen. Eng nei Lithium-Ionen-Technik soll 20% manner kaschten, dofir méi séier lueden a bis zu 800 km Autonomie bréngen. Als zweet steet d’Lithium Eisen Phosphat-Technik um Programm; 2026 – 2027 gëtt domat 20% méi Autonomie a 40 % manner Käschten erwaart. Geluede gëtt vun 10 op 80 % an enger hallwer Stonn. Als drëtt baséiert sech Toyota nees op Lithium-Ionen – déi nei Héichleeschtungsbatterie gëtt fir 2027 – 2028 erwaart a versprécht iwwer 1000 km Reechwäit. An domat soll et net gedoe sinn, den Asaz vun de Festelektrolyt-Batterien soll nach méi Kilometere mat enger Charge erméiglechen.

Géingt dir iech trauen, mat engem Elektroauto eng Weltrees ze maachen? D’Aventurière Lexie Alford traut sech! Si inspiréiert sech un der Aloha Wanderwell, déi an den 20er Joren mat engem Model T als éischt Fra eng Weltrees mat engem Auto gemaach huet. Den Challenge besteet aus 6 Kontinenter an 30 Länner, iwwer 28.000 km a manner wéi 100 Deeg. Esou soll d’Luedinfrastruktur an dem Mënsch seng Gedold bis op d’Limitte getest ginn. Den 8. September ass si mat hirem elektresche Ford Explorer zu Nice am Hotel Le Royal gestart – genee hei war och deemools den Depart vun hirem Virbild Aloha Wanderwell. Verfollege kann een der Madame Alford hiert Abenteuer online mam Hashtag ChargeAroundTheGlobe!

Wéi verdroen aktuell a méi al Motore sech mat syntheetesche Kraaftstoffer? Genee dat wollt de Grupp Stellantis wëssen an huet zesumme mat der Firma Aramco ee groussen Test lancéiert. Dobäi koum eraus, dat 24 Motorfamillen aus europäescher Produktioun, déi bis op 2014 zeréckginn, mat den erwaarten eFuels kompatibel sinn. Aramco erfuerscht de Moment d’Entwécklung vun de syntheetesche Kraaftstoffer fir d’CO2-Emissioune vum aktuelle Fuerpark ze reduzéieren. Stellantis ënnerstëtzt den Asaz vun den eFuels a geet vun enger Reduktioun vu bis zu 400 Milliounen Tonnen CO2 aus. Dat wier de Fall, wann elo vun 2025 – 2050 déi aktuell 28 Milliounen Autoen aus dem Stellantis-Grupp géingen op de proppere Sprit ëmklammen.

Back to Top
CIM LOGO