KierchbiergTram-Service wéinst technescher Panne ageschränkt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie gouf et kuerzzäiteg eng Stéierung am Tramsreseau, déi géint 11 Auer awer nees behuewe sollt sinn.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéinst enger technescher Panne géint 9.45 Auer ass een Tram bei der Rouder Bréck stoe bliwwen, wéi Luxtram op Nofro confirméiert. De Verkéier ass op den Tramsschinnen ass awer gréisstendeels weidergelaf, d’Linnen tëscht der Gare an der rouder Bréck an tëscht der Luxexpo an der Nationalbibliothéik sinn a Betrib bliwwen.

Een aneren Tram gouf geruff, fir de Waggon, deen en Panne bei der Rouder Bréck steet, bis bei den Tramsschapp ofzeschleefen. Luxtram rechent domat, datt de Reseau géint 11 Auer nees komplett an den normale Betrib sollt iwwergoen.

Back to Top
CIM LOGO