ArcelorMittal zu RodangeTramsschinne fir déi ganz Welt

Christophe Hochard
Zwou Stonnen dauert et, bis am Walzwierk zu Rodange aus waarmem Stol eng Tramsschinn gëtt.
Tramsschinne fir déi ganze Welt
Déi ginn am Walzwierk vun ArcelorMittal zu Rodange hiergestallt a ginn an der Stad, awer och zu Mailand a Lissabon verluecht.

Lëtzebuerg, Lissabon a Mailand: D’Schinnen aus der Rodanger Schmelz ginn weltwäit verschéckt, verluecht a verschafft.

D’Wierk zu Rodange huet sech op Nischeproduite spezialiséiert, dowéinst kann een och kleng Louse, wéi zum Beispill d’Schinne fir een Tram, käschtegënschteg hierstellen. Domadder bleift d’Wierk am Dräilännereck vum Süde vum Land och konkurrenzfäeg.

An enger Schicht vun 8 Stonne kënnen zu Rodange 250 Schinne produzéiert ginn, dat an engem duerch performant Technologie ënnerstëtze Prozess. Ronn 300 Leit schaffen an dësem Wierk vun ArcelorMittal.

Fir datt een och ëmmer an iwwerall erkennt, datt dës Schinne vu Rodange kommen, kréien dës d’Bezeechnung “AMRS” opgestantzt. Um Site lagert dann och nach e grousse Stock u Schinnen, déi fir Luxtram an der Stad geduecht sinn.

Back to Top
CIM LOGO