D’Autosfederatioun Fedamo schwätzt vun engem Retour a Richtung Normalitéit.
Eng 80 Concessionnairë maachen dëst Joer beim Autosfestival mat. Op méi wéi 170 Ausstellungsraim kënne sech Interesséierter nei Modeller zu besonnesche Konditiounen ukucken. A genee dat wëllen d’Leit och notzen. Déi Leit, déi ënnerwee wieren, wéilten och wierklech en Auto kafen.
Dozou de President vun der Autosfederatioun Fedamo, Philippe Mersch: “Also wat ganz kloer ass, dass net sou vill Leit ënnerwee sinn, wat e bësse schued ass. Mee bon dëse Sonndeg, wou mer lo hannert eis hunn, war super Wieder, da ginn d’Leit natierlech net onbedéngt an e Showroom, mee déi Leit, déi ënnerwee sinn, dat hu mer och schonn an der Lescht gemierkt, déi si wierklech à l’achat an dat sinn der eng Jett.”
Am Joer 2021 sinn iwwer 44.000 nei Autoen ugemellt ginn. D’Demande ass ëmmer nach op héijem Niveau, mee d’Offer kënnt net richteg no. Et misst een also deels mat laange Liwwerzäite rechnen, wourop d’Concessionnairen awer virbereet sinn.
Den Händler Yves Winandy vun der Garage Winandy zu Beetebuerg: “Bei eis ass et sou, dass mer d’lescht Joer komplett verschount waren, mee dëst Joer effektiv Problemer mat verschiddenen Optiounen hunn. U sech kënne mer all Modell relativ séier liwweren. Et sinn allerdéngs, wat jo och bekannt ass, duerch d’Mikrochip-Penurie verschidden Optiounen, déi méi laang daueren. Mir hunn awer och nach verschidden Autoen op Stock, wat dann och dozou féiert, dass d’Leit sech do kënne vun engem Pool bedienen.”
Änlech gesäit et an der BMW-Garage zu Miersch aus. Dozou de Chef-Vendeur Bernd Fuhrmann: “Dat ass natierlech och bäi BMW duerchaus een Thema. Et muss ee soen, dass eis Mark grouss Liwwerkapazitéiten ofgeschloss huet fir Semi-Conducteuren, sou dass mir villäicht e bësse manner staark betraff waren. Mir hu ganz vill Stocks-Autoen och nach do, mee manner wéi déi lescht Joren. Dat kompenséiere mir duerch vill Virbestellungen, sou dass mer do d’Liwwerzäiten eben och kënne verkierzen.”
D’Händler zéien awer e positive Bilan, si hätten net manner Ëmsaz gemaach wéi zejoert. Zanter e puer Jore klammen och d’Verkafszuele vun Elektroautoen. Bis Enn Mäerz ginn et och bis zu 8.000€ Primm vum Staat fir e vollelektreschen Auto, mee awer och thermesch Gefierer verkafe sech ëmmer nach.
Den Autofestival geet nach bis de 5. Februar inclus. En dauert also och méi laang wéi déi Jore virdrun. E Kompromëss, well een dëst Joer just ee Sonndeg opmaache konnt. E konkrete Bilan géing een awer eréischt Enn Februar zéien. Et géing nach gekuckt ginn, wéi vill Commandë bis zum Schluss nach erakommen, esou nach de Fedamo-President Philippe Mersch.
Dossier: Erlieft Äre perséinlechen Autofestival - elo hei op RTL.lu!