
Wéi d’Ponts et chaussées matdeelen, géing een den elektromechaneschen Ekipement am Tunnel wiesselen, wouduerch dëse fir déi Zäit gespaart muss ginn.
Wien a Richtung Däitschland wëll fueren, gëtt vum Echangeur Munneref un iwwer d’N16, d’N2, d’N10 an den Echangeur Schengen geleet.
De Verkéier a Richtung Esch-Uelzecht gëtt iwwerdeem vum Echangeur Schengen un iwwer d’N10, d’N2, d’N13, d’N16 an den Echangeur Altwis deviéiert.

Link: D’Schreiwes vun der Ponts et chaussées zum Chantier am Tunnel Markusbierg fannt Dir hei.