
Sou wier ënnert anerem den Accès, fir Material a Maschinnen op d’Plaz ze kréien, realiséiert ginn. D’Analysen iwwert d’Stabilitéit vun de Fielse goufe finaliséiert an och d’Stabiliséierungsaarbechten hätten ugefaangen. Hei goufen ënnert anerem Buerunge vu bis zu 75 Meter gemaach, fir Bëton afléissen ze loossen.
D’Zuchstreck soll no der Ouschtervakanz nees opgoen. Soulaang funktionéieren och weiderhin Ersatzbusser.
Detailer dozou ginn et um mobiliteit.lu oder um Internetsite vun den CFL.