D’Juegdsaison geet dëst Joer vum 15. Oktober bis den 18. Dezember. Wourop muss een oppassen a wat mécht ee beispillsweis wann een an eng Juegd geréit?
Am Duerchschnëtt gëtt 2 Mol pro Lous, also pro Gebitt, gejot. Dat an engem Rhythmus vu 14 Deeg. D’Stellungen dauere maximal 3 Stonnen. Déi nächst Wochen dierf alles mat den Hënn gejot ginn, vu Réi bis Wëllschwäin, esou de Vize-President vun der Jeeërfederatioun Marc Reiter. Méi spéit am Januar a Februar och nach eemol mat den Hënn.
Prinzipiell gëllt d’Schëlter respektéieren an aus dem Bësch eraus bleiwen, wa Klappjuegte sinn. Ma wann een awer iergendwéi an en Dreiwe géif geroden, dierft een op kee Fall probéieren, sech ze verstoppen. D’Leit solle sech an deem Fall direkt bemierkbar maachen, esou de Marc Reiter, a sech bei engem Poste mellen. Déi géifen een dann aus dem Lous erausféieren.
D’Klappjuegte gi mat Panneaue signaliséiert an um Internetsite geoportail.lu fënnt een déi verschidden Datumer vun de Juegten.
Am Kader vun der Klappjuegd, mä och allgemeng am Hierscht, mécht d’Sécurité routière op d’Wëld op der Strooss opmierksam.
Wann een also duerch eng Bëschgéigend fiert, soll ee gutt oppassen a seng Vitess upassen. Och wann 90km/h op eise Landstroossen erlaabt sinn, wier et sënnvoll, fir an deene Situatiounen op 50km/h erofzegoen. Eng Kollisioun mat engem Déier kann uerg Konsequenzen hunn, souguer déidlecher, ouni vum Schued oder dem Doud vum Déier ze schwätzen, a vum Schued um Auto.
Dacks lafen och e puer Déiere mateneen iwwer d’Strooss oder och Hënn. Wann een en Déier mam Auto erwëscht, soll een de Sécherheetsgilet undinn, d’Plaz vum Accident mat Warnblénkanlag an Dräieck securiséieren an d’Police um 113 informéieren. D’Déier soll een net upaken, egal ob blesséiert oder dout. Wann d’Déier blesséiert ass, kann een de Fleegezenter fir wëll Déieren zu Diddeleng iwwert den (+352) 26 51 39 90 uruffen.