Tëscht Miersch a MamerUm Sonndeg gouf zerguttstert vun der autofräier Vëlosstreck profitéiert

Christophe Hochard
D'Leit déi e Sonndeg um Vëlo tëscht Miersch a Mamer ënnerwee waren, hunn dëst formidabel fonnt.
Tëscht Miersch a Mamer
Fir déi 25. Kéier war dës Streck fir den Auto gespaart.

Fir déi 25. Kéier war dës Streck fir den Auto gespaart. Kléng a Grouss, Jonk an Al konnten ouni Bedenken sech d’Strooss um Vëlo deelen.

Dës Iddi geet op d’Zäit zréck, wou et nach kee Vëloswee hei an der Regioun gouf. Gefuerdert gëtt eng Piste tëscht Miersch a Mamer. Mëttlerweil gëtt et e klengen Deel tëscht Miersch a Schëndels. De Recht feelt.

Ganz vill Leit souzen um Sonndeg um Suedel. Kanner waren op der Streck ënnerwee oder Familljen hunn vum gudde Wieder profitéiert, fir en Tour mam Vëlo ze maachen. Jiddereen a sengem Rhythmus.

18 Kilometer leien tëscht Miersch a Mamer. Vun dëser autofräier Streck gouf op deem Dag esou richteg profitéiert. Vill Leit waren och ronderëm Koplescht/Schëndels ënnerwee. De Vëlo soll seng Plaz am Alldag hunn. Dofir brauch et allerdéngs nach méi Vëlospisten.

1.100 Kilometer Vëlospisten zu Lëtzebuerg. Déi sinn dem Gesetz no virgesinn. Aktuell wäre mir op ronn 700 Kilometer.

Back to Top
CIM LOGO