Op enger Streck vun 3 Kilometer ass dësen en Donneschdeg iwwert de Kierchbierg gefuer. Mat de global Players am autonome Fuere kann dee klengen opgemotzte Kia électrique et net ophuelen, mä dat ass och guer net d’Zil.
Et gesäit nach e bëssi virsiichteg aus, wann dee klengen Auto seng Streck um Kierchbierg fiert, fir ze demonstréieren, wat e kann. Hannert dem Steier sëtzt zwar nach e Chauffeur, renkelen mécht deen awer net.
Dat mécht déi vill Technik u Bord, wéi de Professer Raphaël Frank vun der Uni Lëtzebuerg erkläert: “Den Auto huet e Computer an en huet Sensoren. Déi si wei d’Aen vum Auto. Déi Donnéeë ginn un e Computer geschéckt. Deen gesäit wéi d’Ëmfeld ass, a berechent, wéi den Auto soll fueren.”
Fir dass e säi Wee fënnt, ass awer eng digital Landkaart néideg, déi een sech ka virstellen, wéi Google Maps, just nach ëm munches méi präzis. Wat se méi exakt ass, a wat d’Konditioune besser sinn, wat d’Secherheetschauffeuren, wéi de Memdi Testouri, manner dacks mussen agräifen: “Wa mer méi komplex Situatiounen hunn, déi een sech manner erwaart, da muss ee méi dacks agräifen.”
Et ass awer eigentlech och guer net d’Zil vun der Uni en Auto z’entwéckelen, deen autonom fiert. Kommerziell Entwéckler wéi Tesla oder Google wieren, ouni en néidege Budget an deem Domaine, souwisou net ze iwwertreffen. De Raphaël Frank: “T’ass eng Fuerschungsplattform. Dat heescht, mir benotzen dat fir verschidde Saachen. Fir Fuerschung ze maache mat Doktoranden, déi op verschiddene Projete schaffen. Mir benotzen et awer och fir d’Léier.”
Sou kann d’Ausbildung vun Ingenieuren a Fuerscher hei am Land op der Uni verbessert ginn. Zanter véier Joer scho gëtt op der Uni um Gefier geschafft.