Dëse WeekendUrgent Reamenagement-Aarbechten op der A1 Direktioun Stad um Echangeur Hamm
D'Ponts et Chaussées flécken d'Fuerbunn op der Tréierer Autobunn Richtung Gaasperech, dat heescht, do ass gespaart tëscht der Opfaart an der Sortie Hamm.
Vum Samschdeg um 12 Auer bis e Méindeg um 4 Auer Moies ass d’Streck Direktioun Gaasperech gespaart. D’Deviatioun geet via de Rond-point Schaffner vun der Sortie Hamm bei d’Opfaart Hamm zréck op d’A1.