
D’Problematik gëtt et net nëmmen an der Südstad, ma och op villen anere Plazen uechtert d’Land. Pünktlech fir de Start vun der Saison huet esou muncher een e Samschdeg nach profitéiert, fir säi Vëlo fir déi nächst Kilometer prett ze maachen. Virum Depart gouf nach e bëssen diskutéiert – an effektiv sinn eng Rëtsch Leit enttäusch.
Par Rapport zu ville Stied am Ausland hätt een zu Lëtzebuerg, a speziell zu Esch, wärend Covid d’Chance, méi Vëlospisten ze installéieren, verpasst, esou den Jean Larock vu “Vélorution":
“Et feelt u gudden Alternativen. Et goufe vill Auswäichstrecken zu Esch geschaaft, nodeems d’Uelzechtstrooss fir d’Vëloen zougemaach gouf. Mee déi maachen alles méi komplizéiert a sinn net iwwerall sécher.”
Chantier bleift zanter Joren deen nämmlechten
Ze vill Kräizungen an eng Kanalstrooss, déi net breet genuch fir och nach Leit um Vëlo ass, demotivéieren. Op politeschem Niveau géif vill geschwat ginn, ma um Terrain géif et just ganz schwéierfälleg viru goen. Et ass de Wonsch no méi Spontanitéit, erkläert ee vun de Membere vun der “Vélorution”.
“D’Mobilitéit ass eppes, dat sech duerch experimentéiere laangfristeg verbessert. Wann also eng provisoresch Piste sech als gutt erausstellt, kéint déi jo definitiv ginn. Firwat also net spontan nei Saachen ausprobéieren?”
Den Avantage vum Vëlo an enger Stad ass - statistesch op d’mannst - däitlech. De Jean Larock dozou:
“D’Vitesse an enger Stad läit wärend der Woch bei enger Moyenne vu 14 Kilometer d’Stonn. Mir beweisen haut, datt mer mam Vëlo méi séier ënnerwee sinn. Natierlech ginn och Solutioune gesicht fir Leit, déi méi wäit reese mussen. Mä de Vëlo ass een Deel vun der Solutioun.”
Well, esou de Constat e Samschdeg, manner Autoen heescht méi a virun allem méi eng fléissend Mobilitéit.