Den Abroch vun de Ventë wier besonnesch op den Tankstellen op der Autobunn an op de Grenze festgestallt ginn. De Vetrieder vun den Tankstellen no wier dat haaptsächlech op den Tankrabatt vun 30 Cent de Liter a Frankräich zeréckzeféieren. Méi ewéi en Tankrabatt hei am Land wënsche si sech, datt de Rabatt a Frankräich géing ofgeschaf ginn. Op d’Remark, datt Lëtzebuerg selwer Joerzéngtelaang vu méi niddrege Spritpräisser a mam Tanktourismus profitéiert hätt, huet de President vum Groupement, de Romain Hoffmann, geäntwert, d’Regierungen hätten jo op dee Modell opgebaut an et wéilt ee jo net vun engem Dag op den aneren déi entspriechend Aktivitéiten an Aarbechtsplazen einfach ofbauen.
Den neien Numm vum Groupement deit zwar drop hin, datt d’Tankstellebedreiwer a Fournisseure vu Sprit sech bewosst sinn, datt de Verbrauch vu fossiller Energie muss erofgefuer ginn an ee méi op alternativ, respektiv erneierbar Energie muss ëmzeklammen. A Wierklechkeet hunn d’Vetrieder vum Groupement énérgies mobilité dovunner ofgeroden, “Virreider” ze sinn, ewéi zum Beispill mat der CO2-Steier.
Wéi de Romain Hoffmann erkläert huet, géing dat de Verbrauch vu Sprit just verlageren. Et hätt een nämlech festgestallt, datt obwuel Camione manner am Grand-Duché getankt hätten, méi Camionen duerch de Grand-Duché gefuer wieren. A sengen Ae wier et och onrealistesch ze mengen, et kéint een de ganze Fuerpark séier elektrifizéieren. Beim Lëtzebuerger Energiemix wieren nach ëmmer 60% fossil.
De Romain Hoffmann war op der anerer Säit dankbar, datt den Energieminister Claude Turmes enger Fuerderung vun den Tankstellebedreiwer nokomm ass. An zwar déi, datt all d’Präisser méi dacks a Funktioun vum Marché reajustéiert ginn. Dat géing gréisser Schwankunge verhënneren, déi am Ufank vum Krich an der Ukrain jo dozou gefouert haten, datt Schlaangen op den Tankstelle waren, déi hirersäits deels hätte missen à perte verkafen.
De Groupement énérgies mobilité huet awer weider Fuerderungen, dorënner déi, datt nieft de fossillen Energien och den CO2-Bilan vun aneren Energië soll besteiert ginn. Den Tankstellebedreiwer no géingen nämlech och Wandrieder a Photovoltaik-Anlagen den Ausstouss vun Zäregase viraussetzen, wa se gebaut ginn.