Vum 16. Januar unVerkéier am Parkhaus Knuedler gëtt geschwë mat Roude Luuchte gereegelt

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Lëtzebuerg deelt am Kader vun den Aarbechten am Parkhaus Knuedler eng Rei Ännerunge mat.
© RTL-Archiv

Vum nächste Méindeg un gëtt et just nach eng Ramp, iwwert déi d’Autoen an an aus dem "-1" kënne fueren. Fir datt et do net zu Accidenter kënnt, gëtt de Verkéier déi Zäit mat enger Rouder Luucht gereegelt. D’Automobiliste si gebieden, de Moto wärend der Waardezäit auszemaachen. D’Etage "-2" gëtt dann och komplett gespaart.

Fir d’Foussgänger si véier Trapenhaiser op, zwee am alen Deel vum Parkhaus an zwee am neien Deel. Doriwwer eraus ginn et nach zwee Lifter. Speziell Stellplaze fir Mënsche mat Mobilitéitsproblemer gëtt et um "-3" am alen Deel vum Parkhaus. Fir Cycliste ginn et um Niveau 0 eng Rei Plazen, déi een iwwer d’Rue Notre Dame erreeche kann.

PDF: Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO