Chamberkommissioun fir d’Travaux publicsVerschidde Projeten, déi iwwer 10 Milliounen Euro kaschten, am Fokus

RTL Lëtzebuerg
Projete bei esou engem Budget brauchen nämlech den Accord vun der Chamber.
© Raymond Clement

An der Chamberkommissioun fir d’Travaux publics goufen en Donneschdeg verschidde Projeten diskutéiert, déi méi wéi 10 Milliounen Euro wäerte kaschten, an domadder d’Zoustëmmung vun der Chamber brauchen.

Beispillsweis en neie Park&Ride bei der Diddelenger Autobunn, Contournementer fir Dikrech an Ettelbréck oder Aarbechten un der Staumauer zu Esch-Sauer. Do ass souguer e Finanzéierungsgesetz néideg, well d’Käschten un der Staumauer bei iwwer 60 Millioune wäerte leien.

Back to Top
CIM LOGO