Tëscht dem 30. Juli an dem 28. August kann een dann 11 verschidden Tier uechter d’Land mam Vëlo maachen. En Deel dovun ass iwwert d’Weekender komplett fir d‘Cycliste reservéiert, dat heescht eng Rei ëffentlech Stroosse ginn da fir de motoriséierte Verkéier gespaart.
Ausserdeem gëtt e Kaderprogramm organiséiert mat verschiddene Manifestatiounen, touristeschen Attraktioune laanscht d’Strecken an engem Transportservice vun Hotel zu Hotel fir de Bagage. Weider Informatiounen dozou fannt Dir op velosummer.lu.