
Ma vum 1. August 2023 u kritt een déi bekannte Vignette och elektronesch. Et kann ee se online bestellen an einfach mat der Kreditkaart bezuelen. De Präis ass identesch mat där, déi een an d’Fënster pecht, also 40 Schwäizer Franken, respektiv 42 Euro. Déi traditionell Vignette bleift awer weider bestoen.
D’Vignette gëllt weider fir 14 Méint, also all Kéiers vum 1. Dezember vum Joer virdru bis den 31. Januar dat Joer dono. Wie se also elo am August keeft, ka se nach bis de leschte Januar 2024 notzen.
Fir déi elektronesch Vignette ze kréien, muss de Besëtzer vum Won op engem Portal verschidden Informatiounen zum Auto, wéi d’Plackennummer oder d’Kategorie vum Gefier, aginn. E Compte muss een net ariichten an och brauch d’Persoun, déi Vignette bestellt, keng perséinlech Daten unzeginn. Sollt an der Zäit, wou d’Vignette valabel ass, d’Plack vum Auto gewiesselt ginn, kann een dat einfach um Portal esou iwwerdroen an d’Vignette ass weider gëlteg. Dëst kann een am Laf vun deene 14 Méint awer just eng Kéier maachen.
Kontrolléiert gëtt d’Vignette dann op der Grenz vu Mataarbechter vum Zoll oder dem Grenzschutz. Weider ginn et och an der Schwäiz Stéchprouwe vun der Police, déi d’Nummereschëlder mat der Datebank ofgläichen. Eng dauerhaft Kontroll mat Kameraen ass aktuell nach net virgesinn.
Bestelle kann een d’Vignette um Site e-vignette.ch an d’Daten, déi ee muss aginn, ginn op engem Server an der Schwäiz gespäichert.