Mat de Pabeieren ënnert dem Aarm gëtt agecheckt. Nodeems d’Fuesvakanz gutt fir d’Lëtzebuerger Airline verlaf ass, versprécht och d’Ouschtergeschäft e gudde Cru ze ginn. Eng Wallis reit sech un déi aner, fir dann och spéider de Wee an de Fliger ze fannen. D’Ouschtervakanz fält dëst Joer ganz favorabel: Et sinn 3 Wochen an no de Lëtzebuerg an de Belsch hunn déi däitsch a franséisch Clientë Schoulvakanz. Op déi Manéier ass ëmmer Beweegung um Findel.
Nieft de Bombardier Q400 Fligere kommen och d’Boeinge vun der Luxair e Freideg an den Asaz. Um 6 Auer geet et dann op Palma, Porto a Malaga. Iwwer 700 Flich sinn eleng op den dräi Ouschterweekender programméiert. Vill Flich bedeit awer och vill Kerosin. Deemno gëtt et aktuell eng deier Affär fir all d’Airlinen.
Dem Abrëllswieder hei zu Lëtzebuerg de Réck dréien: Destinatiounen ewéi Ägypten, de Cap Vert, Griicheland, Spuenien oder Italien sinn “à la une”. D’Leit sinn op der Sich no Sonn a guddem Wieder, an d’Luxair-Responsabel kucken zouversiichtlech an d’Zukunft. Eleng dräi Luxair-Boeinge waren e Freideg de Moie kuerz no 6 an der Luucht fir an Direktioun Mier a Sand.