
Deemno goufe bei de Maintenanceaarbechten am Tunnel Problemer mat der Waasserversuergung festgestallt. Als Sécherheetsmesure, fir d’Gefore vun engem Accident ze miniméieren a bis de Problem behuewen ass, gëllt am Tunnel Grouft a béid Richtunge 70 Kilometer an der Stonn.
Ponts et Chaussées preziséiert dann och, datt d’Vitess, déi am Tunnel affichéiert ass, vum Radar kontrolléiert gëtt.