
Den nächste Samschdeg fänken d’Ausbau-Aarbechte vun der A3 un, also der Diddelenger Autobunn. Déi 1. Phas ass tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Echangeur Léiweng. Direktioun Metz gëtt d’Standspuer gespaart. D’Vitess ass op 70 limitéiert an déi zwou Spuere gi méi enk.
D’Vitesslimitatioun soll och mat Chantiersradare kontrolléiert ginn an domadder wëll een och Accidenter verhënneren, esou de François Bausch en Dënschdeg de Mëtten am Kader vun enger Froestonn an der Chamber. Wa Rettungsdéngschter musse bäifueren, kéint et nämlech enk ginn. Den Transportminister huet awer nach betount, dass d’Reegel vun der Rettungsgaass natierlech weiderhi gëllt.Fir den Impakt vum Chantier op den Trafic sou kleng wéi méiglech ze halen, bleiwen ëmmer zwou Spueren op.Ganz heiansdo wäert awer just kënnen eng Spuer op sinn, sou d’Ponts et Chaussées an engem Communiqué. Dat awer net an de Spëtzenzäiten. Nächste Weekend vun e Samschdeg den Owend 20 Auer bis e Méindeg Moie 6 Auer ass dat zum Beispill de Fall. D’nächst Woch och vun e Méindeg bis e Freideg an der Nuecht. Dann ass also just eng Spuer op.D’Enn vun den Aarbechten ass fir de September 2024 geplangt. De ganze Chantier soll deemno fënnef Joer daueren an do kéint et wéinst verengte Spueren och emol méi lues weidergoen, esou de Minister Bausch. D’A3 wier awer souwisou ëmmer immens belaascht, dowéinst géing een d’Aarbechte jo och maachen.Direktioun Metz sinn d’Aarbechten elo fir d’éischt un der Rei. Déi aner Richtung kënnt Mëtt Abrëll un d’Rei.
Mise en place du chantier de l’autoroute A3: vitesse limitée à 70 km/h entre la croix de Gasperich et l’échangeur de Livange (12.03.2022) | |
| |
| |
Dans le cadre des travaux d’élargissement de l’autoroute A3, l’Administration des ponts et chaussées procédera à partir du samedi 12 mars 2022 à 20 heures à l’installation de chantier pour le premier lot entre la croix de Gasperich et l’échangeur de Livange. Pendant la durée du chantier, en direction de Metz, la bande d’arrêt d’urgence sera supprimée pour créer de l’espace de travail. La largeur des 2 voies de circulation sera réduite et la vitesse sera limitée à 70 km/h sur le tronçon en question. Afin de limiter l’impact sur le trafic, la circulation sur deux voies sera garantie pendant toute la durée du chantier. Quelques barrages ponctuels d’une voie amenant à une circulation sur une seule voie seront toutefois nécessaires (en dehors des heures de pointe). Ainsi, du samedi 12 mars 2022 à 20 heures jusqu’au lundi 14 mars 2022 vers 7 heures, ainsi que pendant les nuits (de 20 heures et 7 heures) du lundi 14 mars 2022 au vendredi 18 mars 2022, le trafic sera dévié sur 1 voie de circulation et la vitesse sera limitée à 70 km/h. La fin des travaux de ce premier lot est prévue pour septembre 2024. La mise en place du chantier en direction de Luxembourg entre l’échangeur de Livange et la croix de Gasperich est prévue pour mi-avril. |