Uechter d'StadVum 1. Juni u kann ee säi Parkticket mat enger App um Handy bezuelen

RTL Lëtzebuerg
An der App kann een eng oder méi Autosplacken aginn an da mat enger Kreditkaart bezuelen.
© RTL-Archiv

Iwwer d’Geolokalisatioun vum Handy gëtt gekuckt, wou een ass, a wéi een Tarif op där Plaz gëllt. D’App ass aktuell schonn an enger Rei Stied am Ausland am Asaz. An der Stad wäert ee se uganks just fir d’Parke laanscht d’Strooss kënne benotzen. Se géif awer och am Parking Neipperg getest ginn, esou dass ee säin Ticket och do net méi bei engem Automat musse bezuele goen, ier een erausfiert. Wann dat gutt funktionéiert, kéint de System och an deenen anere Parkhaiser an der Stad agefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO