75 Joer VW-BulliVum Wirtschaftswonner zum Hippie-Bus

Christian Schmit
Dan Wiroth
Leschte Samschdeg 8. Mäerz war den internationale Fraendag. Donieft huet eng international Ikon am Automobilsecteur deen Dag säi 75. Gebuertsdag gefeiert.
De VW Bulli feiert Gebuertsdag
Leschte Samschdeg 8. Mäerz war den internationale Fraendag. Donieft huet eng international Ikon am Automobilsecteur deen Dag säi 75. Gebuertsdag gefeiert.

Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass e jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d’Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden.

D’Konzept fir den T1, dat war u sech eng Iddi vum Ben Pon, engem hollännesche VW-Importateur, dee 1947 eng Skizz vun engem kompakten Transporter gemoolt huet. A genee déi sollt de Grondstee gi fir de VW T1.

Mat grad emol 30 PS goung et lass. Dee stäerkste VW Bulli ass haut en elektresche GTX mat 340 där Päerd Leeschtung. Bis haut gëllt de Bulli als deen am längste gebauten Utilitär an Europa, a längst Kult zanter enger gefillter Éiwegkeet. Och bei eis zu Lëtzebuerg ass dat net anescht. Op jonk oder méi al, de VW Bulli huet seng Fan-Communautéit.

Op alle Kontinente war de Bulli schonn ënnerwee, ob als Camper oder Transporter. Bulli steet iwwregens jo fir “Bus und Lieferwagen”. Den Allrounder huet sech Millioune mol als Multi-Talent erwisen. An all Proprietär huet seng perséinlech Story, déi hie mam Bulli erlieft huet.

1967 dunn den T2, a ville Variatiounen a robust Eegenschafte waren de Garant fir e weltwäite Succès. Den T3 koum 1979 mat Katalysator, Turbodiesel an Allrad-Traktioun. 14 Joer sollt den T4 gebaut ginn, e Raumwonner an elo Traction avant.

Den Design vum T5 gëllt als Meilesteen a beim Sammler ass deen och scho ganz gefrot. Mat engem T6 an T6.1 ass méi Confort an Digitaliséierung u Bord komm.

Vum éischte vun 1950 sinn haut 2025 dräi Baureie méiglech. En nennt sech elo Transporter / Caravelle, Multivan / California an ID Buzz / ID Buzz Cargo.

Back to Top
CIM LOGO