
A Kalifornien gi vum Joer 2035 u just nach emissiounsfräi Neiween zougelooss. En Donneschdeg hunn déi zoustänneg Autoritéiten am US-Bundesstaat den Aus fir d’Verbrenner annoncéiert an domat d’Zil vum demokratesche Gouverneur Gavin Newsom ëmgesat. Mat dëser Reegelung gëtt sech erhofft, d’"Emissiounen an d’Ëmweltverschmotzung drastesch ze reduzéieren”, erkläert d’Liane Randolph vun den Emissiounsschutzautoritéiten.
Kalifornien huet sech zwee weider Ziler gesat, déi virum Verbrenner-Aus am Joer 2035 sollen erreecht ginn. Bis 2026 soll een Drëttel vun den Neiween emissiounsfräi sinn. Da gëtt ee sech weider 4 Joer, also bis d’Joer 2030, fir bei zwee Drëttel vun den Neiween op Elektro-, Waasserstoff- oder verschidden Hybrid-Gefierer ëmzeklammen. Et wier en “éiergäizegen, awer erreechbaren” Zäitraum, sou d’Liane Randolph.