
Doduerch muss een och zu Lëtzebuerg mat Retarde respektiv Annulatiounen am Zuchtrafic rechnen.
D’Leit sinn opgeruff, sech am Virfeld op www.cfl.lu oder der CFL-App z’informéieren, éier se plangen, en Zuch ze huelen.
D’CFL erënneren drun, dass d’Ersatzbusser tëscht Arel a Lëtzebuerg weider am Asaz bleiwen, dat wéinst den Aarbechten op der Streck Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel.