Ëffentlechen Transport an DäitschlandVun e Méindeg u kann een den 49-Euro-Ticket kafen

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland kann ee vum 1. Mee u mam 49-Euro-Ticket am ganze Land den No- a Regionalverkéier notzen. De Virverkaf geet e Méindeg lass.
© AFP/Archiv/Tobias SCHWARZ

Eréischt de leschte Freideg ass den 49-Euro-Ticket am däitsche Bundestag ugeholl ginn, elo geet de Virverkaf scho lass. Den 49-Euro-Ticket ass den Nofollger vum 9-Euro-Ticket, dee leschte Summer als Mesure géint d’Präisdeierecht am Kader vum Ukrain-Krich fir e puer Méint agefouert gouf.

Vum 1. Mee un ass den 49-Euro-Ticket dann elo als Digital-Abo ze kréien, deen all Mount gekënnegt ka ginn a sech fir de Recht automatesch erneiert. Scho vun dësem Méindeg u kann een den Abo fir de Mount Mee buchen. Mam Ticket kann een all Busser an den Zuch am No- a Regionalverkéier notzen. Net mat dra sinn ICE-, IC an EC-Zich, genee esou wéi privat Reesbusser. Och op de meeschte Schëffer gëllt den Ticket net.

Back to Top
CIM LOGO