
Am Dossier Contournement vu Käerjeng fënnt eng Kaz hir Jonk net méi erëm.
Nodeems de Bauteminister François Bausch eng Variant mat Tunnel ënnert dem Bobësch proposéiert huet, déi vum Käerjenger Conseil eestëmmeg verworf gouf, wollten de Chamberpresident an d’Fraktiounscheffen op Nummer sécher goen an hunn ee weidere juristeschen Avis gefrot.
Et geet ëm d’Finanzementsgesetz fir de Bau vum Contournement, ee Gesetz, dat viru 5 Joer gestëmmt gouf.
De juristeschen Expert kënnt zur Konklusioun, dass dat Finanzéierungsgesetz och fir eng nei Variant vum Contournement d’Basis ka sinn. Eenzeg Konditioun ass, dass déi accordéiert Enveloppe an Héicht vun 139 Milliounen Euro net depasséiert gëtt.
Fir dat erauszefannen, missten awer detailléiert Etuden iwwert de Käschtepunkt vum neien Tracé gemaach ginn. Do geet et dann ëm weider Froen, wéi zum Beispill, ob et vun der Buedembeschaffenheet hier, iwwerhaapt ze maachen ass, fir een Tunnel op engem neien Tracé ze bauen.
Eng nei Faisabilitéitsetüd an een eventuell neit Finanzéierungsgesetz plus d’Aschränkunge wéinst dem Natura-2000-Gesetz riskéieren, de ganze Sujet Käerjenger Contournement op Sankt-Nimmerlein ze tässelen. Esou heescht et aus der Käerjenger Gemeng, wou ee sech och verwonnert driwwer seet, dass de Minister Bausch d’Prozedur vum scho gestëmmte Projet net wéi ugekënnegt, bei d’gréng Ëmweltministesch Welfring geschéckt huet.