De Projet vun engem Datenzenter vum amerikaneschen Internetris Google an der Gemeng Biissen huet an de leschte Joren ëmmer rëm fir Diskussioune gesuergt. Ob Google jeemools op Biissen kënnt, ass nach net kloer, ma de Projet suergt derfir, datt de geplangte Bau vun engem Rond-point, deen eng geféierlech Kräizung um Rouscht ersetze soll, Retard kritt. An dat bréngt déi politesch Oppositioun zu Biissen op d’Barrikaden.
Am Fong hätten d’Aarbechte fir de Bau vun engem Rond-point op der Kräizung tëscht der N7 an dem CR115 um Rouscht schonn 2019 ausgeschriwwe solle ginn. Ma rezent huet de Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch an der Äntwert op eng Question parlementaire vum Claude Lamberty wësse gedoen, datt den Dossier am Moment hänkt. Et hätt een nämlech nach net all d’Detailer, wéi d’Versuergungsleitunge vum Google-Datenzenter lafe sollen. D’Oppositioun am Biisser Gemengerot weist sech entsat. Et wier guer net kloer, ob den Datenzenter iwwerhaapt jeemools Realitéit gëtt an de Rond-point géing dringend gebraucht, wéi den CSV-Conseiller Christian Hoscheid ënnersträicht.
“D’Verkéierssituatioun ass mëttlerweil katastrophal, et geschéie quasi all Dag Accidenter. An et muss een einfach wëssen, hei ass eng Bauschuttdeponie, wou all Dag méi wéi honnert Camione mussen iwwer déi Kräizung fueren. An der Industriezon schaffen haut ëm déi 1.500 Leit. Dann déi Betriber, déi sech ronderëm Biissen niddergelooss hunn a wäerten nidderloossen, wäerten net derzou féieren, datt d’Situatioun wäert besser ginn. Wa mer net wëllen, datt iergendwann ee Verkéierskollaps entsteet, da musse mer lo ganz séier reagéieren.”
Et kéint net sinn, datt d’Interête vun engem privaten Acteur, egal wéi en heescht, méi wichteg wéi d’ëffentlech Sécherheet wieren. Dowéinst misst esou séier wéi méiglech ee provisoresche Rond-point amenagéiert ginn. Op d’Situatioun um Rouscht ugeschwat, weist sech de François Bausch fir provisoresch Mesuren oppen:
“Ech stelle meng Servicer un, ze kucken, ob een eppes provisoresch ka maachen. Et kann ee jo kucken: wéi sinn déi Accidenter passéiert? Et ass ëmmer derwäert dono ze kucken, wann iergendwou vill Accidenter sinn. Mä fir de Rescht sinn all déi Ëmbauprojete vun all deene Stroossen esou, wéi mir se versprach haten, zimmlech wäit fortgeschratt. Mir kéinte relativ séier ausschreiwen, et feelt eben nach un enger Rei Detailer, wou mer net genee wësse wat ronderëm entsteet.”
Egal, ob et eng provisoresch Solutioun wäert ginn oder net. Et schéngt awer, wéi wann nach eng ganz Rëtsch Gefierer iwwert d’Kräizung um Rouscht fuere wäerten, bis déi lescht Froe ronderëm den Datenzenter an de Rond-point beäntwert sinn. Et kann een natierlech och no enger alternativer Streck googelen.