
Den Ament dauert et ongeféier ee Joer, fir d’Primme bezuelt ze kréien, wann een en Elektrovëlo keeft. En Delai, deen ouni Zweiwel ze laang wier, ma d’Ëmweltverwaltung hätt net genuch Personal, fir der héijer Zuel vun Demandë méi séier Meeschter ze ginn. Dat schreift d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.
Den Ament géing een no neie Mataarbechter sichen. Ideal wier am Fong eng Waardezäit vu 4 bis 8 Wochen, bis d’Demande traitéiert ass. Et géing awer net envisagéiert ginn, d’Demandë vu Leit, déi manner verdéngen, méi séier ze traitéieren.
D’Subventionéiere vun Elektrovëloe wier keng sozial Mesure an d’Ëmweltverwaltung hätt och keng Informatiounen iwwert d’Akommes vun de Leit, déi d’Demandë maachen.