
Bis Enn September dëst Joer goufen hei am Land 7.513 Autoen nei ugemellt, déi mat engem elektreschen Undriff fueren. 4.589 dovu fuere reng elektresch.
Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen vun de Piraten ervir.
Méi wéi 3 Mol souvill, nämlech knapp 25.000 nei Gefierer haten e klassesche Verbrennungsmotor.
Fir dëst Joer läit d’Opdeelung vun den Neiween deemno bei ronn 77% Verbrenner, an 23% Elektresch, woubäi natierlech och Hybrid-Modeller zielen.
Wat de Gesamtfuerpark am Land ugeet, steet een den Ament awer bei nach net mol 5,5 Prozent Elektro.
