PolicekontrollenWat dierf d'Police maachen, wat net?

RTL Lëtzebuerg
De Laurent Lentz, Direkter vun der Unitéit de la Police de la Route, erkläert, wat d'Beamten alles wärend enger Policekontroll dierfe maachen, a wat net.
© RTL-Archiv

D’Policekontrolle sinn do, fir d’Sécherheet am Stroosseverkéier ze assuréieren. Da kann et och emol virkommen, datt ee selwer an esou eng Kontroll geréit.

Kann d’Police ouni Grond zum Beispill an eng Mall vum Auto wulle goen?

“D’Äntwert ass Nee. D’Police brauch ëmmer ee Grond, fir zum Beispill an eng Mall wullen ze goen. Sou steet dat engersäits och am Procédure pénale ART.48.10 an ART.48.11, den ART.48.10 schreift vir, datt d’Police een Indiz brauch, datt de Chauffer oder Passagéier vun dem concernéierten Auto engem Crime oder Delit dobäi waren, respektiv eben dat gemaach hunn. An, an deene Fäll huet d’Police dann, wa se dat esou feststellt, och d’Recht, d’Mall ze duerchsichen. Dat Ganzt muss och ëmmer an der Presenz vum Chauffer oder vum Proprietär vum Auto geschéien, respektiv wann déi net do sinn, dann op Autorisatioun vum Procureur de l’Etat.”

Et kënnt dacks vir, datt d’Police bei enger Kontroll oder an engem Asaz ëmmer mat op d’mannst zwee Beamte vertrueden ass. Muss dat eigentlech sou sinn?

“D’Äntwert ass och Nee. Et steet néierens virgeschriwwen, datt d’Beamten zu Zwee musse sinn, fir eben eng Kontroll duerchzeféieren. Et ass awer aus Sécherheetsgrënn natierlech besser.”

Et kennt een et aus amerikanesche Serien oder Filmer - d’Beamte schellen un der Hausdier a weisen direkt hire Badge. Mussen d’Beamte sech virun all Kontroll ausweisen?

“D’Beamte musse sech net onbedéngt ausweisen. Se musse sech awer ausweise kënnen. Dat heescht, wann de Bierger et präzis nofreet, da muss de Beamte sech och ausweise kënnen.”

All Gefier hei am Land muss gewësse Pabeieren hunn. Mä ewéi eng Pabeiere muss ee bei enger einfacher Autoskontroll eigentlech der Police virweise kennen?

“Den ART.70 vum Code de la Route gesäit vir, datt een natierlech säi Fürerschäi muss weisen. Oder, wann een nach am Stage ass och säi Carnet de Stage, respektiv wann ee Sursis just nach huet, dann och de Carnet période probatoire. De Certificat d’Immatriculation, also och d’Gro Kaart. D’Assurance, d’Steier-Vignette an de Certificat de Contrôle Technique.”

Natierlech hunn e puer Pabeieren een Datum drop stoen, bis wéini se nach gülteg sinn. Och do oppassen, net datt een ee Pabeier virweist, dee schonn ofgelaf ass.

Wann een ugehale gëtt, da weess een; entweder et ass eng allgemeng Kontroll oder et huet een e Feeler gemaach. Do och am Beschten zu sengem Feeler stoen an der Police keng gréisser Märercher erzielen.

Back to Top
CIM LOGO