
Déi genee Ursaach ass nach ëmmer net eendeiteg, ma als am warscheinlechste gëllt eng Kollisioun vu Vigel mat den Turbinnen (och “Vugel-Schlag” genannt). Der Boeing 737-800 hir Pneue sinn du bei der Landung net erausgefuer, wouropshin de Fliger iwwer d’Pist gerutscht, géint eng Bëtongsmauer gerannt an a Flamen opgaangen ass. Vun den insgesamt 181 Leit u Bord hu just zwee Crewmemberen iwwerlieft.
Et wier net déi éischte Kéier, datt en Zesummestouss mat Vigel dofir suergt, datt e Fliger eroffält. Eent vun de bekanntste Beispiller ass den Accident vum US-Airways-Fluch 1549 vum 15. Januar 2009 zu New York. Kuerz nom Start waren och hei Vigel mat den Turbinne vum Airbus A320 kollidéiert, wouropshin de Fliger eng spektakulär Noutlandung am New Yorker Hudson River huet mussen aleeën. Dem deemolege Pilot Chesley Sullenberger senger Leeschtung war et ze verdanken, datt et keng Doudesaffer gouf.
Vu lux-Airport wollte mir wëssen, wat um Lëtzebuerger Fluchhafen ënnerholl gëtt, fir d’Gefor vun esou engem “Vugel-Schlag” ze reduzéieren. Et géif eng speziell “Wildlife-Management"-Ekipp ginn, déi sech ëm dës Tâche këmmert, heescht et op Nofro hin:
“Als Deel vun eiser Approche setze mer eng Villzuel vun Outilen an Techniken an, fir Vigel ofzeschrecken, dorënner akustesch Gas-Kanounen, Laserpointeren a speziell Pyrotechniken. Doriwwer eraus geréiere mir virsiichteg d’Schneide vum Gras, fir d’Attraktivitéit fir Villercher ze reduzéieren a mir identifizéiere Beräicher an der Géigend vum Fluchhafen, déi als potenziell Plaz fir ze Bréie kéinten déngen a stelle sécher, datt se onbrauchbar sinn, fir do Näschter ze bauen.”
Iwwer déi lescht zwee Joer sollen d’Fäll vu Vugel-Kollisiounen duerch dës Approche ëm méi wéi 10% reduzéiert gi sinn, heescht et vu lux-Airport weider.
(29.12.24) Südkorea: Passagéierfliger no Landung explodéiert, et geet ee vun 179 Doudesaffer aus