
Eng Internetsäit fir “Schnäppchenjäger” huet eng ganz Tabell zesummegestallt a wéi enge Stied Parke laanscht d’Strooss wéi vill kascht. Deemno ka parken zu London gläichzäiteg am bëllegste wéi och am deierste sinn. Hei ginn et nämlech Stroossen, an deenen ee fir näischt stoe kann. An anere muss een dofir awer bis zu 9,90 Euro d’Stonn bezuelen.
Bëlleg dovu kënnt een dann zu Sao Paulo a Brasilien. Hei kascht Parken laanscht d’Strooss tëscht 26 an 79 Cent d’Stonn. Och zu Buenos Aires, der argentinescher Haaptstad, bezilt een nëmmen 26 Cent. Zu Sydney, Australien, bezilt een däitlech méi, an zwar 3,45 a 4,86 Euro. An der amerikanescher Stad New York läit ee bei 1,10 bis zu 3,95 Euro d’Stonn.
An Europa ass et dann an den ost-europäesche Länneram bëllegsten. Zu Warschau a Polen kascht eng Stonn Parken 84 Cent an an der Haaptstad vu Slowenien bezilt ee just 40 bis 80 Cent.
A Westeuropa gëtt et scho méi deier. Zu Bréissel kascht d’Parken laanscht d’Strooss 1 bis 2 Euro an zu Berlin dann 1 bis 3 Euro. Däitlech méi déif an d’Täsch muss een zu Paräis an zu Amsterdam gräifen. An der franséischer Haaptstad muss een 4 bis 6 Euro fir eng Parkplaz bezuelen. An der hollännescher Haaptstad kënnen et bis zu 7,50 Euro d’Stonn sinn.
Ma wéi ass et dann zu Lëtzebuerg?
Wéi an enger Partie anere Stied gëtt et och zu Lëtzebuerg ënnerschiddlech Präisser. An der Stad hänkt et dovun of, a wéi enger Zon ee sech parke wëll. An där enger Zon ass Parke gratis, et dierf een awer just 30 Minutten do stoen. An der anerer kascht Parke 50 Cent oder 1 Euro. An da kommen nach déi Zonen, wou ee ganzer 2 Euro d’Stonn ageheie muss.
An der Stad Lëtzebuerg huet een also besser, eng Plaz a méi bëllegen Zonen ze fannen, soss kann de Bummeltour an der City gäre mol gutt deier ginn. Dat gëllt och fir d’Parkhaiser. Dës kaschte vun 1,60 Euro bis zu 4 Euro d’Stonn. Konkret Präisser kënnt Dir hei nokucken.
Natierlech kann een och op de gratis Park&Ride zeréckgräifen oder komplett op den Auto verzichten an de gratis ëffentlechen Transport notzen.