"Roueg bleiwen"Wat maachen no engem Accident?

RTL Lëtzebuerg
D'Wiederkonditioune ginn elo ëmmer méi schlecht, da klëmmt de Risiko, an en Accident verwéckelt ze ginn.

No engem Autosaccident stellt ee sech dacks vill Froen: Wéi eng Dokumenter muss een elo ausfëllen? Wouhi mat sengem Auto? An an an... D’Laura Lessyn huet bei deene richtege Persounen nogefrot, wat een alles maache muss.

Wat maachen no engem Accident? / Reportage Laura Lessyn

Statistesch gesinn, sinn a ganz Europa am Joer 2021 bal 20.000 Mënschen am Stroosseverkéier duerch een Accident gestuerwen. Net vill Leit wëssen awer Bescheed, wat ee wierklech nom Opprall maache muss. Eppes ass awer sécher: Roueg bleiwen!

De Frank Maasvum ACL seet eis, wat een nach direkt duerno soll ënnerhuelen:

“Nodeems en Accident geschitt ass, soll ee seng Warnblinker umaachen a seng Warnvest nach am Auto undoen. Dofir rode mir vum ACL är Sécherheetsvesten ëmmer grëffbereet am Auto leien ze hunn, sou dass een net ouni Vest muss aus sengem Gefier erausklammen. E weideren Tipp, vue dass een no engem Accident opgereegt an duercherneen ass, beim Erausklammen aus sengem Gefier besonnesch gutt op de Verkéier oppasst. Duerno d’Plaz vum Accident ofséchere mat engem Warndräieck, och do soll een d’Situatioun esou aschätzen, dass ee sech an déi aner Automobilisten net a Gefor bréngt.”

Wann een de Warndräieck net opstellt oder de Gilet net undeet, muss ee bedenken, dass een net gutt gesi gëtt. Ëmsou méi bei schlechtem Wieder oder ageschränkten Siichtverhältnisser.

De Manuel Ruggiu vun der SNCA erkläert, wéi vill Meter ewech ee laut Code de la Route säi Warndräieck opstelle muss?

“Am Code de la Route steet, wann een op normale Stroossen ass, dat heescht alles wat net Autobunn ass, soll een de Warndräieck 30 Meter vu sengem Gefier hannen ewechstellen. Am Code de la Route steet awer och dran, datt wann ee sech op der Autobunn befënnt, ee kee Warndräieck opstelle soll, well dat vill ze geféierlech ass, wann een do op d’Autobunn leeft.”

Dat heescht op der Autobunn op der Pannespuer stoebleiwen, seng 4 Winkeren umaachen a seng Gileten, déi grëffbereet am Gefier leien, am Auto undoen. Aus dem Auto klammen a sech hannert d’Leitplank stellen, wou ee sech Hëllef ruffe kann, wéi zum Beispill den Automobilclub. Geet 1 Gilet pro Auto duer?

“De Minimum, wou virgeschriwwen ass, ass 1 Warnvest. Et gëtt awer recommandéiert, souvill Warnvesten a sengem Gefier ze hunn, souvill Sëtzplazen een huet, well wann een emol 4 Leit transportéiert, do soll jiddereen eng Warnvest unhunn.”

Wann d’Plaz vum Accident ofgeséchert ass, ee selwer net méi a Gefor ass, duerf een net vergiessen, mat deem aneren Automobilist e CONSTAT (Amiable d’Accident Automobile) auszefëllen, deen een als obligatorescht Dokument am Auto muss hunn. An op wat soll een nach oppassen nom Accident?

„Sollt ee verletzt sinn, da soll een den 112 uruffen. Wann den Auto geféierlech steet, rode mir och den 113 unzeruffen, an deem Fall kënnt d’Police d’Plaz ofsécheren. Sollt eng Flëssegkeet aus dem accidentéierten Auto erauslafen, da soll een den 112 uruffen. Hei kommen d’Pompjeeën dann d’Plaz vum Accident fachgerecht botzen.”

Back to Top
CIM LOGO