VDL-Experte presentéiere ConclusiounenWéi beweegt ee sech an der Haaptstad?

Monique Kater
Wéi vill Stater benotzen all Dag den Auto a wéi vill Residente gräifen op de Vëlo zeréck? Ënnert anerem doriwwer goufen en Donneschdeg Zuele genannt.
© RTL-Archiv

An der Stad sinn 150 Parkplazen op der Uewerfläch verschwonnen, huet de Stater Mobilitéitsschäffen an der Bierger-Informatiounsversammlung am Tramsschapp zouginn. Mä weder d’Foussgänger, nach den Auto géife vergiess ginn, well d’Stad accessibel misst bleiwen. Op de Manktem u Parkméiglechkeeten, well 3 ëffentlech Parkhaiser zou sinn, ass de Patrick Goldschmidt net agaangen, an dat, obschonns 1/3 vun de Stater Awunner hiren Auto am ëffentleche Raum ofstellt, an net Proprietär ass vun engem Parking.

D’Mobilitéitsexperte vun der VDL hunn d’Resultater vun der Enquête virgestallt, déi Enn lescht Joer lancéiert gouf. Den Direkter fir d’Mobilitéit Hoffmann freet sech iwwer déi héich Participatioun, et wier en Theema, dat intresséiert. All Demanden a Besoinen ënnert een Hutt kréien, dat wier den Challenge vum Mobilitéitsplang.

An der 2. Phas géifen elo d’Ziler definéiert ginn; eng extern Expertis soll dann nach en Iwwerbléck vum Ist-Zoustand liwweren.

Eckdaten: 8.500 Leit hunn un der Enquête deelgeholl; 46% Stater. 1/3 liewe ronderëm d’Stad; 35% an de Regioune bis op Grenz; 36% si Frontalieren. An der Stad ginn déi meescht all Dag zu Fouss. De Vëlo läit op 4. Plaz (31%). 43% vun de Stater fuere guer net mam Vëlo. Vun de Stater fuere 60% all Dag mam Bus, 47% huelen den Auto all Dag.

58% vu de Stater hunn e Vëlo; 30% hu keen a fueren och net mam Drotiesel. D’Locatiounsvëloe gi reegelméisseg genotzt. Den Elektro-Vëlo huet hei eng Hausse bruet. 57% vun de Stater notzen de Vëlo fir d’Fräizäit; 11% fir berufflech Deplacementer a 14% vun de Stater huelen den Drotiesel fir alles.

Apropos ëffentlechen Transport: 10-30 Minutten dauert en Trajet an d’Stad. 11% fueren hei méi laang wéi 30 Minutten.

Powerpoint

Back to Top
CIM LOGO