Ponts et ChausséesWéi gesäit et aus mat der Sécherheet an den 31 Stroossentunnellen am Land?

Christophe Hochard
No engem gréisseren Incident bei engem Chantier un engem Eisebunnstunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz stellt sech d'Fro vun der Sécherheet.
Sécherheet an den 31 Stroossentunnellen
No engem gréisseren Incident bei engem Chantier un engem Eisebunnstunnel tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz stellt sech d‘Fro no der Sécherheet.

Mat reegelméissege Maintenanceaarbechte versiche Ponts et Chaussées, fir sécher Stroossen an Tunnellen ze garantéieren.

Sécherheet an den Tunellen / Reportage Chris Meisch

Net manner wéi 31 Tunnelle suergen am Grand-Duché fir ee méiglechst séieren Transit. Mat ongeféier 3 Kilometer ass den Tunnel Grouft de längsten am Land. Ënnerscheeder ginn et ënnert anerem an hirer Bauweis, wéi den Direkter vum Pont et Chaussée, Roland Fox, erkläert:

“Et kann een en Ënnerscheed maachen, tëschent dem gegruewenen Tunnel, also wou mir ee Lach an de Bierg gemaach hunn an enger Tranchée couverte, wou am Fong geholl, komm mir soe mol, ee Gruef gemaach ginn ass, wou den Tunnel nees zougemaach ginn ass. Mir hunn 9 gegruewen “Biergmännich"-Tunnelen a mir hunn 22 Tranchée couverten.”

Alleguer d’Tunnellen zesummen hunn eng Längt vu 15 Kilometer a musse reegelméisseg kontrolléiert ginn, sou de Roland Fox.

„Also, wat Tunneltechnik ubelaangt, do gëtt permanent, all 6 Méint Elementer ersat, Verschläissdeeler oder Saachen, déi eben un hirem Enn ukomm sinn. Mir hunn zwee mol am Joer, wou eis Inspekteren op d’Plaz ginn a kucken, ob alles an der Rei ass. An da gëtt all 3 Joer eng Inspection visuelle gemaach a wann do optaucht, dass ee Problem ass, da gëtt et eng méi detailléiert Inspektioun, fir der Saach op de Fong ze goen an da ginn och entspriechend Maintenance-Aarbechte programméiert a virgeholl. Wat elo méi grouss Saache sinn, do maache mir eng Refonte vun den Tunnelen all 10 bis 15 Joer, eben och well do d’Technik obsolet ginn ass.“

Dat wichtegst fir Ponts et Chaussées wier d’Sécherheet, sou den Direkter Roland Fox. Tunnelle géife sou geplangt a gebaut ginn, dass een zwar dovun ausgeet, dass Accidenter kënne passéieren, d’Leit sech dobäi awer a Sécherheet kënne bréngen an d’Interventioun vun de Sécherheets- a Rettungsekippe beschtméiglechst garantéiert ass. Fir sech sou gutt wéi méiglech op den Eeschtfall virzebereeden, gi reegelméisseg Exercicë mat de Pompjeeën an dem Sécherheetspersonal gemaach, sou den Direkter vun de Ponts et Chaussées.

“D’Exercicer si souwuel fir eis Leit, wéi och fir d’Sécherheetskräfte wichteg. Dir musst wëssen, et gëtt jo eng Fluktuatioun beim Personal, an ech mengen all Tunnel ass speziell, mir hunn eis Prozedure fir all Tunnel, mee et ass gutt, wann een d’Prozeduren net nëmmen an der Theorie kuckt, mee wann een dat och an der Praxis duerchexercéiert. Mir hunn do och Observateuren dobäi, an all Kéiers wann een Exercice war, da gëtt herno de Bilan gemaach an et gëtt gekuckt, wat war gutt, wat kann nach verbessert ginn. Et ass scho wichteg, dass ee sech do reegelméisseg verbessert.“

Wann een da mol selwer an engem Tunnel an en Accident verwéckelt ass, soll ee seng 4 Winkeren umaachen, den Auto méiglechst op d’Säit setzen, de Motor ausmaachen a sech a Sécherheet bréngen. Weider Informatioune ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO