Wéi och schonn déi vergaange Weekender war och de leschte Samschdeg nees eng Maniff an der Stad géint d’Coronamesuren. An alt nees koum et doduerch zu Perturbatiounen um Tramsreseau, wann och nëmme fir kuerz Zäit. Demonstrante lafen iwwer d’Schinnen an den Tram kann net seng gewinnte Streck weiderfueren. Ma wat geschitt an esou Fäll hannert de Kulissen? Wéi gëtt den Transport wärend esou Ausfäll garantéiert? Mir waren e Samschdeg mat de Responsabele vu Luxtram ënnerwee.
De Carlo Hentzen geréiert bei LuxTram d’Ekipp vun de Chaufferen a vun der Leetstell. Hien ass also zoustänneg fir d’Zirkulatioun vum Tram – an déi riskéiert erëm perturbéiert ze ginn. Nach wéi mir op eisen Tram waarden, observéiere mir dass ee Won stoe bliwwen ass. De Chauffer huet eng Weich ëmgeluecht fir de Fall, dass d’Tramme vum Theater op d’Gare missten zréckgeschéckt ginn. “Eng reng präventiv Moossnam, fir manner Zäit ze verléieren”, esou de Carlo Hentzen. Op de Panneauen um Arrêt “Theater” ass schonn annoncéiert, dass et wéinst der Manifestatioun zu Perturbatioune kéint kommen. Nach rullt awer alles. D’Demonstrante sinn ënnerwee bei d’Philharmonie, d’Police begleet se. A mat där stinn d’Mataarbechter vu LuxTram op esou Deeg wéi haut reegelméisseg a Kontakt.
Carlo Hentzen: “Mir hunn d’Police, déi eis Instruktioune gëtt, wéi mir eis ze verhalen hunn, wéini mir mussen ophale mat fueren, wa si estiméieren, dass de Risiko ze grouss ass fir d’Leit am Tram. Op der anerer Säit hu mir och Leit um Terrain. An do kënnt et gäre emol vir, dass si ugeschwat gi vun de Manifestanten, wéi et leeft oder wat se wëlles hunn ze maachen – Informatiounen, déi eis natierlech dann hëllefen ze plangen.”
An der Zentral um Kierchbierg gesäit d’Leetstell op hiren Ecranen, wou déi eenzel Chaufferen ënnerwee sinn. Bei engem Virfall, sief dat eng Demo, en Accident oder eng technesch Pann, gëtt d’Leetstell de Chaufferen dann Instruktiounen. Et géingen ëmmer déi selwecht Pläng a Prozedure gräifen, erkläert de Carlo Hentzen, esou wéi op eiser Tramfaart e Samschdeg. D’Manifestante sinn op de Schinnen a mir kënnen net weiderfueren. Ronn 10 Minutten huet dës Ënnerbriechung gedauert.
“Sou Deeg wéi haut, wa mer 10-15 Minutten net fueren, ass et ganz schwéier eppes als Ersatzplang opzestellen. A souwisou, déi spezifesch Situatioun tëscht Theater a Philharmonie bréngt och mat sech, dass hei keng Busse fueren. Sou dass d’Leit nëmmen de Choix hunn, deen Ament tëscht rout Bréck an Theater zu Fouss ze goen”, erkläert de Carlo Hentzen, Direkter vun der Exploitatioun bei Luxtram.
Bei méi laangen Ënnerbriechunge vum Tramsreseau schwätzt ee sech mat de Busse vun der Stad of, esou dass d’Leit entweder iwwer mobiliteit.lu oder iwwer Telefon informéiert ginn iwwer alternativ Transportméiglechkeeten. A wann d’Tramschauffere selwer hänke bleiwen, wa se zum Beispill duerch eng blockéiert Streck no Schichtschluss net méi zréck an den Depot kommen, kënnt ee vun de Mataarbechter um Terrain si mat enger Camionnette sichen. Alles an allem ass de Carlo Hentzen zefridden domat, wéi seng Ekippen déi lescht Weekender geréiert hunn. Hie ka souguer eppes Positives aus de Manifestatiounen zéien.
Carlo Hentzen: “Also dat wat ganz positiv ass, ass dass mir Noutsituatioune kënnen üben. Dat heescht mir kréie Gewunnecht dran, fir dass mir eben zu all Moment méi séier kënne reagéieren. An ech muss soen, eis Ekippe sinn an der Tëscht e ganz gutt agespillten Team. Jidderee weess ganz genau, wéi e sech ze behuelen huet. An dat kënnt eis da gutt déi Deeg wéi en ING Marathon, wou jo och ganz vill an der Stad lass ass, a wou mir versichen den Tram fueren ze hunn a schwéieren Situatiounen.”