SteebréckenWeider ëffentlech ultra-séier Luetstatioune fir Elektrogefierer inauguréiert

RTL Lëtzebuerg
Domat ginn déi Bornë vun der neister Generatioun op der Pompelstatioun laanscht d'Escher Autobunn an Direktioun Esch a Betrib geholl.
© MMTP

D’Ministere Bausch an Turmes zesumme mat der Creos betounen, dass de Reseau “SuperChargy” domat méi dense gëtt. Op 3.000 Plazen am Land kënnen déi 30.000 immatrikuléiert Elektrogefierer opgeluede ginn. Domat hätt de Grand-Duché ee vun de dichtste Reseauen an Europa.

Am Ganzen 90 ultra-séier Bornë wäerten op 18 Statiounen an Tankstellen, respektiv Haaptachsen am Land placéiert ginn. D’Regierung betount, déi ëffentlech Bornë géifen zu 100 Prozent mat gréngem Stroum alimentéiert ginn.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Regierung

Back to Top
CIM LOGO