Spektakulär AarbechtenWeider Elementer fir d'CFL-Bréck iwwert d'A3 montéiert

RTL Lëtzebuerg
Iwwert de Weekend gouf weider un der neier Zuchstreck vu 7 Kilometer tëscht der Stad a Beetebuerg geschafft.
© CFL

Vill wichteg Schrëtt goufen am Laf vun dësen Aarbechten un der Bréck fäerdeg gestallt. Esou goufen déi lescht vun de 36 Elementer vum Bou vun der Bréck placéiert. Ronn 4 Stonnen huet eng Ekipp vun iwwer 26 Leit gebraucht, fir déi zwee lescht Elementer ze fixéieren.

Am Juni an am September si da weider gréisser Aarbechtsschrëtt an dësem Beräich vum Chantier geplangt.

All d'Detailer zu den Aarbechte am Communiqué vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO