Wärend der AllerhellegevakanzWéinst Chantieren zäitweis keen Zuchtrafic op verschiddene Linnen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL matdeelen, wäert wärend der Allerhellegevakanz op enger Partie Zuchlinne geschafft ginn.
© Envato Leungchopan

An engem Schreiwes heescht et dozou, dass fir den Zäitraum vun den Aarbechten, op de betraffene Strecken Ersatzbusser an den Asaz kommen.

Op folgende Linne wäert geschafft ginn:

  • Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech (Vum 26.10.2024 2:00 Auer bis den 3.11.2024 inclus)
  • Kautebaach - Wolz (Den 1.11.2024 vu 5:30 Auer bis 11:30 Auer)
  • Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel (Vum 26.10.2024 1:00 Auer bis den 3.11.2024 inclus)
  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange (Vum 26.10.2024 1:00 Auer bis den 1.11.2024 0:00 Auer)
  • Lëtzebuerg - Dippech-Reckéng - Rodange - Athus/Lonkech (Vum 1.11.2024 1:00 Auer bis den 13.11.2024 inclus)

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun den CFL an an der CFL-App.

Back to Top
CIM LOGO