
An Däitschland leeft den Ament eng intensiv Diskussioun driwwer, ob sougenannte “Gaffer”, also Automobilisten, déi bei Accidenter stoe bleiwen, filmen oder Fotoe maachen, de Fürerschäi sollen ofgeholl kréien. Dës Fuerderung kënnt vum däitsche Feuerwehrverband, fir d’Aarbecht vum Rettungsdéngscht ze schützen. D’Politiker aus der CDU an der SPD ënnerstëtzen dës Fuerderung. Den Hannergrond ass kloer: dës Verhalensweis ass net nëmme respektlos géigeniwwer den Affer, mee virun allem och extrem geféierlech. Mee wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Sollt Gaffe méi streng kontrolléiert a méi haart bestrooft ginn?
Wéi d’Police an de CGDIS géintiwwer RTL confirméieren, ass Gaffen och zu Lëtzebuerg e reegelméissegt Phenomeen, dat dacks optrëtt, wann et zu engem Verkéiersaccident kënnt. Vill Automobiliste bleiwe stoe fir ze kucken, bremsen abrupt of oder benotzen hiren Handy, fir Fotoen oder Videoen ze maachen. Domat brénge si sech an aner Leit a Gefor.
“Gaffen ass extrem geféierlech”, heescht et vun der Police. “Besonnesch wann abrupt ofgebremst gëtt oder et zu Stau op der Géigefuerbunn kënnt. Dat féiert net nëmmen zu Verspéidungen, mee kann am schlëmmste Fall och weider Accidenter (Suraccidenter) provozéieren.”
Dobäi kënnt, dass Rettungsdéngschter wéi d’Ambulanz oder d’Pompjeeë Problemer hunn, d’Plaz z’erreechen oder se erëm ze verloossen – an dobäi zielt all Minutt, sou de CGDIS.
Am Code de la Route gëtt Gaffen net als eegen Infraktioun definéiert. Mee et gëtt eng Rei aner Reegelen, déi jee no Situatioun uwennbar sinn. Sou zum Beispill d’Handynotzung um Steier. Dat gëtt 250 Euro Strof a -4 Punkten, wann een erwëscht gëtt. Mee och onnéideg stoe bleiwen oder ofbremse ka bestrooft ginn.
Allerdéngs ass et esou, datt d’Policebeamten op der Plaz meeschtens anerer Prioritéiten hunn: den Accident dokumentéieren, Zeie befroen oder de Verkéier reegelen. Dat heescht, dass Gaffer net ëmmer direkt verbaliséiert ginn, mee dacks just opgefuerdert ginn, weiderzefueren.
Mee ofhängeg vun der Gravitéit vum Incident kann et dozou kommen, dass d’Plackennummer notéiert gëtt an een eng Suite riskéiert an dat besonnesch, wann en Handy um Steier am Spill ass.
Wat soll een also maachen, wann een op en Accident stéisst?
De CGDIS seet kloer:

Wie guer net reagéiert an en Accident ignoréiert, riskéiert soss eng Sanktioun wéinst „Non-assistance à personne en danger“.
Et kënnt ëmmer méi heefeg vir, dass Asätz vun der Ambulanz oder Police gefilmt ginn, och wann et net ëm Verkéiersaccidenter geet. Dës Tendenz ass dem CGDIS besonnesch no problematesch. Si kann den Asaz behënneren, d’Sécherheet vun den Intervenanten a Fro stellen a virun allem d’Privatsphär vun de Betraffene verletzen.
“Wéi géif ech selwer reagéieren, wann ech eng Ambulanz doheem géif brauchen an et géifen da Biller dovun am Internet zirkuléieren?”, freet de CGDIS.
D’Police an d’Rettungsdéngschter maachen en Appell un d’Responsabilitéit vun all Bierger.
D’Diskussioun an Däitschland iwwer e méigleche Fürerschäinentzuch fir Gaffer kéint och zu Lëtzebuerg Debatten ureegen. Fir de Moment bleift et awer bei de bekannte Reegelen an engem Appell un d’Vernonft.