Vignette Peage a CoWouru muss een denken, wann een an d'Vakanz fiert?

Jean-Marc Sturm
Vill Leit, setzen op den Auto, fir an d'Vakanz ze kommen. Do ass et nëtzlech, sech am Virfeld ze renseignéieren an ze preparéieren.
© Shutterstock

Et soll ee schonn emol direkt am Virfeld préiwen, ob d’Carte d’Identité oder de Pass, de Führerschäin, d’Assurance an d’Steiervignette nach valabel sinn. Et kann och net schueden, de Profil an den Drock vun de Pneuen, de Stand vum Ueleg an de Niveau vun der Sprëtzflëssegkeet fir d’Fënsteren ze kontrolléieren.

Vignette Péage a Co. / De Reportage vum Jean-Marc Sturm

Dacks gëtt relativ spéit dru geduecht, dass een a villen Destinatiounslänner d’Autobunn net gratis benotze kann. Et gi klassesch Vignetten wéi an Éisträich oder der Schwäiz , manuellt Bezuele vum Peage oder den den elektroneschen Tele-Peage a Frankräich respektiv Spuenien oder deels nach Portugal.
Meeschtens fiert een iwwert den ACL, fir d’Vignetten oder déi elektronesch Bezuel-Systemer ze kréien.
Do gëtt de sougenannte “Bip and go”, deen dem Frank Maas no ëmmer méi interessant gëtt, fir an d’Vakanz ze fueren: “Fir d’éischt war et Frankräich, da gëtt et Spuenien a wann een een hëlt fir Spuenien, dann huet een automatesch Portugal mat dobäi. An elo gëtt et nach eng weider Optioun, nämlech mat Italien.”

An der Schwäiz kann ee fir d’Benotze vun den Autobunnen d’Gefier mam Nummereschëld umellen oder op déi klassesch Vignette setzen, déi nach ëmmer Succès huet: “2022 hu mer 19.000 Vignetten hei verkaaft. Dëst Joer gesäit et puls ou moins d’selwecht aus, well mer elo schonn Enn Juli bei 16.000 Vignette sinn. A Covidzäiten hu mer just 11.000 Vignette verkaaft”

Elo komme fir verschidde Länner awer och nach Ëmweltzonen. Dat geet vu Stied an der Belsch wéi Bréissel, Antwerpen a Gent, iwwer Departementer a Stied a Frankräich, Stied a Gemengen an Italien, Lissabon a Portugal. An Éisträich ass et Wien a ganz Regiounen am Osten, a Spuenien Madrid a Barcelona, fir just déi ze nennen.
Do brauch een eng weider Vignette oder Plaquette oder et muss een e City-Peage bezuelen respektiv den Auto am Viruas elektronesch Umellen. Deelweis gëllt och ee Fuerverbuet fir verschidden Dieselgefierer.

Och d’Reegelen a Vitesslimitatiounen op den Autobunnen an Nationalstroossen sinn net iwwerall déi nämmlecht. Esmou méi wichteg ass et, sech am Virfeld ze informéieren.

Back to Top
CIM LOGO