ACLZanter dem 1. August gëtt et déi elektronesch Vignette

Mariette Zenners
Nächste Weekend ass fir d'Vakanz-Departe Richtung Süden nees als "Journée rouge "aklasséiert.
Vum 1. August u gëtt et déi elektronesch Vignette.
Nächste Weekend ass fir d’Vakanz-Departe Richtung Süden nees als “Journée rouge “aklasséiert.

Och déi däitsch Autobunnen Richtung Bierger wäerte gutt gefëllt sinn, sou dass ee sech op laang Trajeten astelle muss.
Fir op de Peagen Stau ze evitéieren, gräife jo ëmmer méi Leit op den Télépéage zréck an och, wat d’Vignetten ugeet, sinn Zäiten, wou een Eng an d’Fënster gepecht huet, eriwwer. Zanter dem 1. August gëtt et di elektronesch Vignette.

19.000 Schwäizer Vignettë goufen d’lescht Joer nach beim ACL verkaaft, bis Juli dëst Joer scho 16.000, dobäi komme jo déi Leit, déi d’Vignette réischt op der Grenz kafen. Déi nei digital kann 1 mol pro Lafzäit op eng nei Plackennummer iwwerdroe ginn, si kascht 42 Euro an ass ëmmer vum 1. Dezember bis 31. Januar dat Joer drop gülteg. Och aner Länner setzen op d’E-Vignette.

Fir laang Waardezäite virum Peage ze ëmgoen, kann ee beim ACL och de Bip + Go-Set ufroen. Nieft Frankräich, Spuenien a Portugal ass deen och lo an Italien gülteg, wann een dat am Abo huet.

Mee egal wéi: Gedold muss een dëse Weekend op de bekannte Vakanzentrajete wuel awer hunn.

Back to Top
CIM LOGO